RIPBlade-Runner-Star Rutger Hauer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vu 75 Joer ass ee vun de gréissten hollännesche Staren zu Hollywood gestuerwen.
© AFP

Schonn den 19 Juli ass de Rutger Hauer, dat no kuerzer Krankheet, a sengem Haus an Holland gestuerwen, esou säin Agent am Magasinn "Variety".

Bekannt gouf den Hauer duerch de Film "Blade-Runner" wou hien 1982 nieft dem Harrison Ford ze gesi war. Hien huet e Roboter, genannt Replikant, gespillt, deen net stierwe wollt. E grousse Moment am Film war hei seng Ried, déi als "Tears in Rain" bekannt ass. De gebiertegen Amsterdammer hat an dëser Sequenz säi Monolog selwer iwwerschafft.

Back to Top
CIM LOGO