SchrëftstellerinBrigitte Kronauer am Alter vun 78 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Schrëftstellerin ass dem Stuttgarter Klett-Cotta-Verlag no, bei deenen hir Bicher erauskomm sinn, en Dënschdeg am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
© AFP

Dëst wéinst enger schwéierer laang unhalender Krankheet.

D'Kronauer krut vill wichteg Auszeechnungen, dorënner och de "Georg-Büchner-Präis" vun der däitscher Akademie fir Dichtung a Sprooch 2005. Si huet Romaner an Essay-Sammlunge geschriwwen.

Zu hire wichtegste Wierker zielen "Teufelsbrück" (2000), "Verlangen nach Musik und Gebirge" (2004), "Gewäsch und Gewimmel" (2013) an "Der Scheik von Aachen" (2016).

Back to Top
CIM LOGO