Zu Lëtzebuerg ass spéitstens zanter Esch22 d’Opwäerte vun ale Sitten näischt Neies méi, virun allem am Minett. Hei am Land setzt sech dofir virun allem d’Asbl CNCI, Centre National de la Culture Industrielle, an.
Ma en vue vun den aktuellen Erausfuerderungen am Bau- a Wunnsecteur, kann een och net aus Prinzip oder Nostalgie alles erhalen. Et geet also drëms, an alle Richtungen nohalteg ze denken.
De Projet Metzerschmelz, deen d’Ëmwandlung vum Industriesite tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng an en neit Wunngebitt virgesäit, liwwert e gutt Beispill dofir, datt d’Erhalen och mam Léise vun akute soziale Problemer zesummegoe kann. Sou kann een och un der Vergaangenheet festhalen a gläichzäiteg no vir kucken.