Berüümte Musée zu ParäisCentre Pompidou vun Enn 2025 bis 2030 wéinst Renovatiounsaarbechten zou

RTL Lëtzebuerg
D'Gebai gëtt wärend där Zäit sanéiert. D'Käschte solle sech op ronn 262 Milliounen Euro belafen.
© AFP (Archiv)

De Centre Pompidou zu Paräis, ee vun de weltwäit bedeitendste Muséeë fir modern an zäitgenëssesch Konscht, gëtt Enn 2025 wéinst Bauaarbechte komplett zougemaach. 2030 sollen d’Diere vum Musée dann nees opgoen. Dat huet déi franséisch Kulturministesch Rima Abdul Malak e Mëttwoch matgedeelt.

D’Moderniséierungs- a Sanéierungsaarbechte, déi 262 Milliounen Euro kaschte wäerten, ware vun der fréierer Kulturministesch Roselyne Bachelot 2021 ugekënnegt ginn a sollte vun 2023 bis 2027 daueren. 2027 feiert de Centre Pompidou 50 Joer.

Et ass déi zweete Kéier, datt d’Aarbechte verréckelt gi sinn. Wärend enger Pressekonferenz am Oktober 2021 hat de President vum Centre Pompidou, Laurent Le Bon, ugekënnegt, datt de Start vun den Aarbechten op September 2024 géif verréckelt ginn. Dëst sollt ënnert anerem de Leit, déi 2024 fir d’Olympesch Spiller an d’Paralympics op Paräis kommen, d’Méiglechkeet ginn, fir am Musée ze passéieren.

Back to Top
CIM LOGO