Den Antonio Grosu, Chef vum Cœur de Chambre de Luxembourg, huet de Concert “Luxembourg for Peace” organiséiert. Mat dobäi war och de European Academic Orchestra. Ganz besonnesch sollt un déi tragesch Situatioun vum ukrainesche Vollek geduecht ginn.
Déi 9. Symphonie vum Beethoven stoung um Programm, um Europadag sécher eng Programmiddi, déi no läit wéinst dem Thema vun der Europahymn, déi aus dem leschte Saz vun der 9. Symphonie staamt. Originell war dem Antonio Grosu seng Iddi, en Deel aus dem Verdi sengem Requiem tëschent dem 2. an dem 3. Saz vum Beethoven senger Symphonie opzeféieren. De Requiem gouf als Undenken un d’Affer aus dem Ukrainkrich gespillt.
Opgehalen huet den Owend mam Finalsaz vun der 9. Symphonie an dem Thema vun “Freude schöner Götterfunken”. Eng Explosioun vu majestéitescher Freed, déi dann hoffentlech am Fridden hire Wee wäert fannen.