"Immersive Live" am AtelierConcerten erliewen, ouni eppes mussen ze héieren

David Winter
E Mëttwoch huet den Atelier dësen inklusive Projet virgestallt, dat an Zesummenaarbecht mat der "Hörgeschädigten Beratung SmH".
© David Winter / RTL

Et kennt ee virun allem bei Leit mat ageschränkter Mobilitéit, Leit déi also net méi richteg goen oder stoe kënnen, am Rollstull sinn oder mat Krätsche goe mussen. Heivir ginn et zënter längerem speziell Optiounen, wéi zum Beispill extra Espacen, wou een och am Rollstull, also am Sëtzen, gutt op d’Bün gesäit a sech net am Gewulls muss ophalen.

Ma fir den Atelier, sou de Laurent Loschetter, géif d’Inclusioun awer hei net ophalen, kéint a misst souguer permanent weidergefouert ginn. An dowéinst ass een och houfreg drop, fir eng weider inklusiv Offer am Atelier selwer, ma och op anere Concerten déi vum Atelier organiséiert ginn, unzebidden.

D’Jette Kaiser, zoustänneg fir d’Kommunikatioun an de Marketing vum Atelier:“Mir sinn eng Kollaboratioun agaangen mat der Hörgeschädigten Beratung SmH, déi de Projet “Immersive Live” hunn. Immersive Live ass en audiotaktille System dee Frequenzen a Vibratiounen iwwerdréit. Dat heescht d’Clienten kommen dann eben an den Atelier oder aner Concerten déi mer veranstalten an et gëtt en Transponder deen un d’Pult ugeschloss gëtt an d’Clienten kënnen dann iwwer Vibratioun de Concert erliewen, ouni ze héieren.”

Jette Kaiser vum Atelier

© David Winter / RTL

Heimat gëtt also e ganz neit Erliefnis kreéiert, dat fir Leit déi schlecht oder näischt méi héieren, ma awer och fir Leit, déi de Concert op eng aner Manéier erliewe kënnen. Dat Ganzt gëtt vun elo un offréiert, heivir muss een sech dann am Virfeld vum Concert gratis umellen, dat iwwert den offizielle Site vun der Hörgeschädigten Beratung SmH. D’Kapazitéiten heivir si limitéiert.

Wéi dëse sougenannte “Subpac” genee funktionéiert, huet eis och nach eemol de Laurent Loschetter erkläert:“Dat ass en Fait sou wéi e Rucksak. Mir schléissen en un eng Anlag, e Mëschpult un vum Artist. An duerch dee Rucksak kréien déi Leit déi manner gutt héieren oder guer net héieren ganz präzis Vibratiounen wéi de Concert dann effektiv live ass. An mir hunn dat probéiert an effektiv et gëtt der eng Notioun vum Concert, en plus vun de Leit déi sech beweegen, vun der Beliichtung, vun der Ambiance generell, mä et ass wierklech ganz präzis op d’Stëmmen, op de Bass zougeschnidden. Dat heescht de ganze Kierper kritt do Vibratioune mat.”

Laurent Loschetter vum Atelier

D’Artiste kréien dann och vun elo un am Atelier souzesoen imposéiert, fir dëse System iwwert d’Mëschpult lafen ze loossen, fir sou eng komplett Experienz ze schafen, eppes dat een net géif ronn kréien, wann ee just de Raum mat engem Mikro ophëlt. Sou spiert een am Kierper souguer déi klengsten Detailer, vu Bass, Batterie iwwer Gittarssolo bis hin zu der Stëmm.

“Dat erlaabt einfach enger ganzer Kategorie u Leit, déi awer ausgeschloss war vu Concerten, fir komplett mat dran ze sinn. Et ass diskret, et ass sou en dënne Rucksak, et ass elo net, dass een dat direkt gesäit oder sou. Mir sinn immens houfreg iwwert dëse Projet”, sou nach eemol de Laurent Loschetter.

Laurent Loschetter vum Atelier

© David Winter / RTL

Zoustänneg fir d’Ekipement ass wéi gesot d’Hörgeschädigten Beratung SmH, déi dës Apparater gratis un den Atelier verléinen. De Romain Heintz vun der Hörgeschädigten Beratung SmH: “Jidderee kann déi ausléinen wann en se wëll, dat heescht do mellt ee sech bei eis, mir ginn se dann un den Atelier an d’Techniker schléissen déi Saachen un. Dat heescht alleguerten d’Frequenzen, am Beschte sinn natierlech Bass-Frequenzen, déi da weider geleet ginn un de Subpac, dat heescht da kann een alles spieren wat sou um Concert ass. Fir eis gehörlos Gemeinschaft ass dat natierlech ganz flott, well sou kënnen och si all Concert materliewen.”

Romain Heintz

Eng weider Form vun Inclusioun ass dann och de Kulturpass, deen et erméiglecht, Leit déi net sou vill Suen zur Dispositioun hunn, egal wat fir e Concert fir 1,50€, amplaz de komplette Präis kucken ze goen.

Back to Top
CIM LOGO