Ultimatum ofgelafD'Auteure vun de Filmer a Serien zu Hollywood streiken

RTL Lëtzebuerg
Zu Hollywood streiken dausenden Dréibuchauteuren fir Filmer a Serien, well se net besser bezuelt ginn.
© AFP

En Dënschden de Moien eiser Zäit ass en Ultimatum ofgelaf, deen d’Gewerkschaft vun den Auteuren de groussen Studioen a Plattformen gestallt hat.

Sollt et zu engem Streik kommen, géifen d’Late Night Showen direkt pausen, bei geplangten Serien an Filmer géifen et Verspéidunge ginn, hat et am Virfeld geheescht.

D’Gewerkschaft vun den Auteuren seet, datt d’Salaire vun de Leit, trotz Inflatioun, d’selwecht bliwwen oder souguer manner héich gi wieren.

D’Auteuren haten 2007 fir d’lescht gestreikt. 100 Deeg laang hu se näischt méi geschriwwen, dat hat d’Ënnerhalungsindustrie zu Los Angeles ronn zwou Milliarden Dollar kascht.

Back to Top
CIM LOGO