
Bis op déi lescht Plaz war de Stadion komplett ausverkaaft. Gutt 60.000 Mënsche waren deemno um éischte Tour-Concert zanter 7 Joer mat dobäi a kruten eng futuristesch Show ronderëm d’Theme Waltraum a Science Fiction gebueden.
Am Kader vun der “Renaissance World Tour” si 57 Optrëtter a ronn 40 Länner geplangt. An Däitschland trëtt si zu Köln, Hamburg a Frankfurt am Main op.
Vill Fans ware souguer deelweis aus den USA an aus Brasilien ugereest, hate Cowboy-Hitt a Strass un, fir opzefalen an de Look vun der Sängerin z’imitéieren, deen op de Plakater am Kader vun dëser Tour verëffentlecht goufen. Forbes no kéint dës Tournée der Sängerin bal 2,1 Milliarden Dollar abréngen.
D’Beyoncé zielt mat enger Rekordzuel vun 32 Grammys zu den 10 gréisste weibleche Stars. Si gëllt net just an der Musekswelt als Ikon, ma och an der Welt vun der Moud. Designer streide sech, fir hir Opmierksamkeet ze kréien.