
Zënter dem 1. Oktober ass d’Nathalie Jacoby d’Direktesch vum Literaturzenter zu Miersch, eng Funktioun iwwer déi se virun engem Joer nach net nogeduecht huet. Zënter 2015 war déi geléiert Literaturwëssenschaftlerin schonn Deel vun der Ekipp, elo zitt se selwer d’Fiedem vun de verschiddenen Aufgabe vun engem Literaturarchiv: conservéieren, dokumentéieren, publizéieren a presentéieren.
Podpurri Episod 32: D’Direktesch vum CNL Nathalie Jacoby
Am Gespréich zu Miersch huet se dem Christiane Kremer erzielt vun hirer Literaturbegeeschterung, hirem Papp dem Auteur Lex Jacoby, vun der CNL-Liesrees, de Joren zu London an der Luucht vu Südafrika.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
