
Doudesursaach war eng Longekrankheet. Dat huet dem Laine seng Fra Elizabeth Hines iwwert dem Museker seng offiziell Instagram-Säit matgedeelt.
Dem Laine sain Doud kënnt ronn 50 Joer nodeems de Paul McCartney säin Album “Band on the Run” erauskoum, op deem de Laine Gittar gespillt an den Hannergrond-Gesang bäigesteiert huet.
Den Ex-Beatle huet sengem fréiere Band-Kolleeg op Instagram geduecht an hien als e grousst Talent mat engem gudde Sënn fir Humor bezeechent.