Artbox vum 23. Abrëll am ReplayDe Chris Reitz

RTL Lëtzebuerg
E Portrait vum Museker Chris Reitz, de weltbekannte Fotograf Roger Ballen an d'Produktioun "So Mol Lobo".
ArtBox mam Chris Reitz
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

De Museker Chris Reitz iwwerrascht de Publikum ëmmer erëm mat sengem aussergewéinlechen Instrument – der elektrescher Gei. Den Ament preparéiert hie seng grouss audiovisuell Live Show Elemental am ale Stadhaus zu Déifferdeng.

Zu Basel stellt aktuell de weltbekannte Fotograf Roger Ballen am Musée Tinguely aus. Ma geschwë kann ee seng Wierker och hei zu Lëtzebuerg gesinn.

Den Dan Tanson ass bekannt als Geschichten-Erzieler fir Grouss a Kleng. Mir kruten en Abléck a seng leschte Produktioun mam Titel “So mol Lobo”.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO