Invité vun der Redaktioun (3. November)Martine Kirsch, Presidentin vun der Asbl ZEFI

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie sinn déi sougenannt "proches aidants" Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wien hëlleft deenen, déi sech all Dag ëm anerer këmmeren? E kranke Partner, Eltere mat Fleegebedarf oder e Kand mat enger Behënnerung: Wéi erliewen déi sougenannt “Proches aidants” hiren Alldag? Wou feelt et un Ënnerstëtzung? A wat misst sech änneren? Doriwwer schwätze mer mam Martine Kirsch. D’Presidentin vun der Asbl ZEFI – Zesumme fir Inklusioun, ass eis Invitée vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO