
E Sonndeg den Owend gouf d'Police iwwert e Virfall an der Grand-Rue zu Waasserbëlleg informéiert ginn. Zwee Jugendlecher goufen hei éischten Informatiounen no vun engem Grupp Persoune menacéiert. Dobäi gouf engem vun de Geschiedegten den Handy ofgeholl, nodeems hie menacéiert an ageschüchtert gouf.
Am Kader vun enger Sich, déi dunn direkt ageleet gouf, goufen zu Gréiwemaacher dräi verdächteg Persoune lokaliséiert, déi, wéi se d'Police erbléckt haten, direkt fortgelaf sinn. Zwou vun dëse Persoune konnten e wéineg méi spéit am Beräich vun der Schwämm gestallt ginn. Den Handy dee geklaut gouf, gouf séchergestallt.
Bei der Kontroll vun de betraffene Leit a beim Duerchsiche vun der Plaz, wou se gestallt goufen, hunn d'Beamten eng Partie Handyen, Boergeld, eng gréisser Quantitéit Haschisch an zwee Messere séchergestallt. D'Sich no der drëtter verdächteger Persoun ass negativ verlaf.
Weider Ermëttlunge lafen nach am Moment. Eng vun de Persounen déi festgeholl gouf, koum op Uerder vum Parquet an de Prisong op Dräibuer.
E Fall mat Drogen zu Déifferdeng
E Sonndeg am Nomëtteg, géint 16:45 Auer, huet eng Patrull vun der Police e Mann zu Déifferdeng an der Rue de la Poste gestallt, géint deen e Mandat d'Arrêt virlouch. Wéi de Mann d'Beamte bemierkt huet, huet hien eng kleng Quantitéit Droge fale gelooss. Bei der Kontroll vum Mann konnten dunn nach eemol iwwer 70 Gramm Haschisch, eng Zomm Geld an zwee Handyen fonnt a saiséiert ginn.
De Mann koum e Méindeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.