
D’Lëtzebuerger Kulturzeen ass am Trauer. Am Alter vu 67 Joer ass e Samschdeg de Moien de Fotograf a Schauspiller Conny Scheel no laanger Krankheet gestuerwen. Hie war fräischaffende Fotograf, virun allem am Theater a fir Sites et Monuments, an huet och selwer ausgestallt. Als Acteur war hie beim Kasemattentheater a beim Film aktiv, virun allem an den Andy-Bausch-Film wéi zum Beispill beim “Troublemaker”.

Hien huet och Regie gefouert bei Produktioune vun de Cabaretsensemblen Cabarenert a Makadammen.
De Conny Scheel war gewerkschaftlech engagéiert an der OAGL, der Onofhängeg Artiste-Gewerkschaft Lëtzebuerg, déi sech schonn an den 1990er Jore fir e Kënschtlerstatut agesat huet.

De Conny Scheel war de Fils vun der bekannter Schauspillerin a Moderatorin vum däitsche Programm vun RTL Radio Luxemburg Haidy Jacobi. Hie selwer war och Noriichtespriecher.
RTL dréckt der Famill eist häerzlecht Bäileed aus.