
De Michel Medinger wäert vum 1. Juli bis den 22. September d’nächst Joer um bekannte Fotofestival “Les Rencontres d’Arles” ausstellen. Kuratéiert gëtt d’Expo an der Chapelle de la Charité zu Arles vum Sylvie Meunier.
De Michel Medinger ass 1941 gebuer an huet iwwert déi lescht Joerzéngte seng fotografesch Praxis progressiv weiderentwéckelt. Hien experimentéiert mat ville verschidden Techniken: ënner anerem Schwaarz-wäiss-Fotografie, Experimenter an der Donkelkummer a Polaroids. Hien huet esou seng ganz eegen Handschrëft an der Fotografie entwéckelt. Dobäi kënnt, datt de Michel Medinger e grousse Sammler vun Objeten ass, déi hien dann a senge Fotoen an Zeen setzt. Hien inspiréiert sech awer och un alldeeglechen Objeten, mat deenen hie Kompositioune konstruéiert, wéi an engem “Cabinet de curiosité”. Dobäi iwwerléisst de Fotograf näischt dem Zoufall.

De Michel Medinger ass scho vill mat senge Fotoe gereest an huet ënner anerem zu Peking, a Frankräich, an Amerika, an Dänemark, a Russland, a Polen an a Japan ausgestallt.
D’Associatioun “Lët’z Arles” huet en Appell, fir d’Curatioun vum Michel Medinger senger Ausstellung zu Arles lancéiert. E professionelle Jury huet fir d’Sylvie Meunier gestëmmt.
De Jury:

D’Sylvie Meunier wunnt a schafft zu Sète a Frankräich als Zeenographin. Si huet vill Erfarung als artistesch Direktesch a Kommissärin vun zäitgenëssesche Fotografie-Ausstellungen.