Mayson BossiDe grousse Star am "Little Duke"

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht Kanner gi jo gären an de Kino, déi mannst kënnen awer vu sech behaapten, dass si am Kino ze gesi sinn.
De grousse Star am "Little Duke"
De Mayson Bossi spillt de Jules am Andy Bausch sengem neie Film.

Dat ass schonn eppes ganz Besonnesches, dat de Mayson Bossi elo konnt erliewen. Hie spillt nämlech eng vun den Haaptrollen am Andy Bausch sengem neie Film “Little Duke”. Et ware 16 Dréideeg, un deenen aus dem Mayson de Jules ginn ass. De Frank Bossi ass dem Mayson säi Grousspapp an huet hien un all deenen Deeg begleet: “Et war eng ganz flott Zäit, et war e bësse stresseg, wëlls du de ganzen Zäit ze dinn has. Et war een de ganzen Dag ënnerwee, an tëschenduerch huet een nees misse schaffe goen, un deenen Deeg, wou de Mayson an der Schoul war. Mee et war awer ganz flott.”

Dat ganzt hätt gutt fonctionéiert, well d’Schoul an och dem Frank Bossi seng Aarbechtsplaz gutt matgemaach hunn an de Projet ënnerstëtzt hunn. Um Set war de Mayson dann och nach vun enger Coach begleet ginn. D’Martine Kohn ass mat him zum Beispill d’Texter duerchgaangen. “D’Martine huet mir ëmmer gewisen, wat ech misst maachen”, esou de Mayson.

Dem Mayson géif näischt afalen, wat him net gefall hätt a wär eigentlech och direkt nees mat dobäi. “Wa si mech froen an ech gewielt ginn, jo.” Awer eigentlech huet hien och nach een aneren Dram: “Ech wëll gären eng Kéier de beschte Fussballspiller vun der Welt ginn.”

Dorëms geet et am Film

De Mil Knepper (André Jung) an de Victor Schumacher “Schumi” (Luc Feit) sinn zwee Frënn, déi eng gemeinsam Vergaangenheet verbënnt. Si sinn allen zwee Weesekanner, déi beim selwechten Zéipapp opgewuess sinn. Den O’Hara ass de Besëtzer vum Iresch Pub “Little Duke” am Pafendall a genee deen ierwen déi zwee Frënn am Ufank vum Film. Een Terrain, op deen och schonn e Promoteur en A geheit huet a bereet ass, vill Suen ze bezuelen. Wärend de Schumi grad am Ausland war a vun enger Karriär als Restaurantsbesëtzer dreemt, ass de Mill all déi Zäit do bliwwen net zu lescht, wëll e sech ëm säin Enkel de Jules (Mayson Bossi) këmmert. Dem Jules seng Mam ass drogenofhängeg an de Mill muss méi a méi Verantwortung fir den Enkel iwwerhuelen. De Mill an de Schumi sti virun der Entscheedung, ob si den iresche Pub weiderféieren oder dem Drock vum Investisseur noginn. A wärenddeem wiisst d’Suerg ëm d’Schicksal vum klenge Jong, well ëm all Präis soll verhënnert ginn, dass de Jules, esou wéi si virun esou ville Joren an d’Kannerheem muss.

Wéi de Mayson de Jules ginn ass.

Iwwert een Opruff bei RTL hu sech 19 Kandidate gemellt, fir d’Roll vum Jules ze spillen. De Mayson war ee vun hinnen an huet dunn um Casting deelgeholl. Do si kleng Videoe gedréit ginn, déi dem Regisseur, dem Andy Bausch, virgeluecht goufen.

“Wéi den Andy Bausch selwer d’Interviewe gemaach huet, hu si hien zréckbehalen an dunn ass hien de Jules ginn”, erënnert sech den Frank Bossi. De Mayson hätt de Film gerett, seet den Andy Bausch och bei eis am Interview an ass ganz zefridde mam Choix. Um Set wär hie wéi e klenge Profi gewiescht. De Paul Thiltges vu Paul Thiltges Distributions beschreift et esou: “Hie war fir eis ideal, et weess een ni sou richteg, klappt dat elo a sou weider. An do muss ech wierklech soen, fir eis ass et e Glécksgrëff an ech hoffen, dass d’Leit dat um Ecran och mierken.”

Wien de Mayson dann an Aktioun wëll gesinn a wësse wëll, wéi et mam iresche Pub “Little Duke” dann ausgeet. De Film leeft schonn zanter dem 26.04 am Kino.

Back to Top
CIM LOGO