Nom Doud vum Bruno GanzDe Jens Harzer kritt den Iffland-Rank

RTL Lëtzebuerg
Mat där Auszeechnung soll jo dee "bedeitendsten a wierdegsten" däitschsproochegen Acteur ausgezeechent ginn.
Den Acteur Jens Harzer zu Venedeg fir de Film
Den Acteur Jens Harzer zu Venedeg fir de Film
© AFP

Nodeems de Bruno Ganz am Februar gestuerwe war, gouf sech gefrot, wien dann elo den Iffland-Rank kréie gëtt.

Domat soll jo dee "beschten däitschsproochegen Acteur" ausgezeechent ginn - op Liewenszäit.

E sëllechen Nimm waren an der Course, e Freideg gouf du bekannt, datt de Jens Harzer den Iffland-Rank kritt.

Dat hat de Bruno Ganz esou a sengem Testament virgesinn. De Bruno Ganz hat den Iffland-Rank méi wéi 20 Joer.

De Bruno Ganz
De Bruno Ganz

Den neie Besëtzer vum Rank, deen der Republik Éisträich gehéiert, muss elo bannent 3 Méint selwer en Nofolger proposéieren. Déi Enveloppe kënnt op Wien a gëtt awer eréischt nom Doud vum Jens Harzer opgemaach.

De Jens Harzer huet 47 Joer an ass vu Wiesbaden. Zanter 2009 ass e fester Member vum Ensembel vum Thalia Theater zu Hamburg.

D'Sandra Hueller an de Jens Harzer bei enger Prouf fir
D'Sandra Hueller an de Jens Harzer bei enger Prouf fir
© AFP

Den Iffland-Rank geet op den August Wilhelm Iffland (1759-1814) zeréck. Den Iffland war Schauspiller, Dramatiker a Theaterchef. Zu senge bekanntste Wierker gehéiert iwwregens "Der Komet", eng "Posse", déi vum haitegen CNL-Direkter Claude D. Conter nei erausbruecht gouf.

Den August Wilhelm Iffland op enger Lithographie vum Johann Stephan Decker, ëm 1825. Fotograféiert vum Peter Geymayer.
Den August Wilhelm Iffland op enger Lithographie vum Johann Stephan Decker, ëm 1825. Fotograféiert vum Peter Geymayer.

Um Iffland-Rank ass e Portrait vum Iffland selwer drop. Bis elo gouf e just vu Männer u Männer verginn, wat an der Lescht kritiséiert gouf. Fir weiblech Actricë gëtt et awer zanter 1978 en eegene Bijou, den Alma-Seidler-Rank, deen awer manner bekannt ass.

De Jens Harzer als Caliban am Shakespeare-Stéck
De Jens Harzer als Caliban am Shakespeare-Stéck

Back to Top
CIM LOGO