Säi Wierk "Written by water", bei deem hien 3000 Hefter an d'Mier gezappt huet an et esou erziele léisst, wat seng Erliefnesser sinn, huet international gutt Kritike kritt a gouf esouguer zu de Favoriten gezielt. Mat der Artbox ware mir zu Venedeg derbäi an hunn de Marco Godinho awer heem a säin Atelier begleet, wou hie seng Manéier ze schaffen erkläert.
Wat leeft!?:
- Reis/Demuth/Wiltgen feat. Joshua Redman @ Opderschmelz
- Latoya Ruby Frazier @ Mudam
- Festival “OpenEnd” @ Rotondes
D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.