
Mat engem komplette Mount mat Musek presentéiere d’Rotonden och nees dëst Joer e gudde Grond am August seng Vakanz am Land ze verbréngen. Vum 28. Juli bis den 23. August 2023 kann een nees national an international Acts an der gewinnter summerlecher Atmosphär vun de Rotonden genéissen.
Wéi déi Jore virdrun, kann ee sech déi eenzel Ticketen fir d’Concerte vu sengem Choix kafen, oder awer e Pass huelen, fir deen een dann all Concert vun der Affiche vun dëser Editioun kucke goe kann. An de Jore virdrun waren dës Ticketen awer relativ séier ausverkaaft.
Méi Infoen an Ticketen ginn et um offizielle Site vun de Rotonden!