Sécherheetsperimeter war en placeAsaz um Belval wéinst Këscht mat onbekanntem Inhalt, Police gëtt Entwarnung

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin mellt, war géint 10:20 Auer an der Géigend vun der Rockhal eng "Këscht" mat "onbekanntem Inhalt" gemellt ginn.

De Service de deminage vun der Police war op der Plaz an et gouf e Sécherheetsperimeter en place gesat. Et huet sech spéider erausgestallt, datt d'Këscht eidel war, wouropshin d'Ofspärung nees opgehuewe gouf. Den Asaz ass entretemps och nees eriwwer.

Back to Top
CIM LOGO