US-Comedian Michael Winslow zu LëtzebuergDe Mann mat den 10.000 Sound-Effekter

Philippe Dondelinger
Comedian, Beatboxer oder Geräisch-Artist: Mir hunn de Michael Winslow en Donneschdeg an der Stad getraff, wou hie säin Talent ënner Beweis gestallt huet.
Beatboxer, Comedian a Geräisch-Imitator: Michael Winslow zu Lëtzebuerg
Iwwer 10.000 Geräischer huet de Michael Windslow drop. Mir hunn hien en Donneschdeg an der Stad getraff, wou hie säin Talent ënner Beweis gestallt huet.

En Donneschdeg de Moie war e bei eis um Radio, du bei de Kolleege vun RTL Today. Bekannt gouf en 1984 am Film Police Academy als “Sergeant Larvell Jones” - de Michael Winslow.

Deen, deen ëmmer all Geräisch konnt nomaachen. Elo huet en iwwer 10.000 Geräischer drop. Als Beatboxer, Comedian a Geräisch-Imitator huet e mëttlerweil seng eege Comedy-Show.

E Samschdeg trëtt hien domat zu Munneref am Casino 2000 op. Mir haten d’Geleeënheet, den US-Schauspiller am Virfeld an der Stad ze treffen.

Back to Top
CIM LOGO