
Et ass di 9. Editioun vum European Month of Photography hei zu Lëtzebuerg. All Editioun kënnt och mat engem Thema, an dëst Joer dréint sech alles ëm d’Froe vun der Identitéit. Mam Titel “Rethinking Identity” geet dëst vum Ausgesinn, perséinlech Erfarungen, divers Traumae bis hin zu Erënnerungen, déi eis Identitéit kënne beaflossen. Den europäesche Mount vun der Fotografie zelebréiert de Medium an dat an all senge Méiglechkeeten. An esou ass et och eng Geleeënheet esou vill Foto-Ausstellunge wéi soss ni beieneen ze gesinn. Hei den Iwwerbléck vun de verschidden Ausstellungen.
Seng Fotografië wierken düster a verstéierend, ma stellen déifgrënneg philosophesch Froen, an hannerfroen déi mënschlech Psych. De Roger Ballen gehéiert zu de renomméiertsten a beschtbekanntste Fotografe weltwäit. De Kënschtler kënnt aus der Dokumentar-Fotografie, hien ass als jonke Mann a Südafrika ausgewandert, an huet a senger Fotografie besonnesch Mënschen, déi um Rand vun der Societéit Liewe festgehalen.
Seng Fotografie geet haut awer wäit iwwert Dokumentar-Fotografie eraus. A senge Wierker vermësche sech Realitéit a Fiktioun, Dram an Albdram. De Chaos dominéiert dacks.
Niewent de Mënsche spillen Déieren eng ganz wichteg Roll a senge Wierker, déi hie mat Zeechnungen a Skulpturen an Zeen setzt an da fotograféiert.
“Je est un autre” ass e bekannten Zitat vum Rimbaud. De Poet huet sech domat als eng Persoun mat verschidde Perséinlechkeete gesinn.

8 verschidde Fotografe stellen hei aus an exploréieren esou Thema vun der Identitéit op eng diversifiéiert Manéier: Krystyna Dul, Corina Gertz, Katinka Goldberg, Lìvia Melzi, Zanele Muholi, Lunga Ntila, Bruno Oliveira, Frida Orupabo

Mat “Bodies of Identities” proposéiert de Casino eng Ausstellung di sech mat de komplexen Erausfuerderunge vun der Identitéit an eiser Gesellschaft vun haut ausernee setzt.

Och am Casino ass et eng Kollektivausstellung mat vill verschidde Propositiounen an Artisten:
Younes Baba-Ali, Lorraine Belet, Aline Bouvy, Louisa Clement, Effi & Amir, Aneta Greszykowska, Philomène Hoël, Bharti Kher, Rafal Milach, Alban Muja, Pedro Neves Marques, Julian Palacz, Lukas Panek, Dita Pepe, Lucia Pizzani, Silvia Rosi, Marianna Simnett, Andrzej Steinbach, Vince Tillotson, Romain Vadala
D’Ausstellung am Neimënster schwätzt iwwert d’Mamm-Duechter Relatioun. “Je suis moi, je suis toi” presenteiert en intimen a perséinleche Portrait, wou et ënner anerem ëm d’Kenneléiere vu sech selwer geet. Dat universellt Thema gëtt mat Fotoen a Video-Installatiounen vum Aneta Grzeszykowska, Krystyna Dul, Eman Khokhar an dem Celeste Leeuwenburg illustréiert.

Eng zweet Ausstellung thematiséiert d’Fra an der Welt vun der Konscht. Eng Welt di vu Männer dominéiert gëtt. Den Titel kënnt vum Virginia Woolf hirem Buch, eng vun de remarkabelste Schrëftstellerinnen aus dem 20. Joerhonnert. Hei huet si sech spezifesch op Diskriminéierung an der literarescher Zeen konzentréiert.

D’Ausstellung bréngt 3 Artisten zesummen (Cansu Yıldıran, Ofir Berman, Imane Djamil). Hir Aarbechte beweege sech tëschent Documentaire a Fiktioun. All Fotografin sicht no hirer Identitéit am kollektive Memoire vun hirer Heemecht.
Thematesch passt der Katrien de Blauwer hiert Wierk beschtens an d’Programmatioun vum Europäesche Mount vun der Fotografie. Sou geet d’Kënschtlerin op hir Bezéiung mat hirer Boma an, déi si Ufanks ewéi e Bouf erzunn huet. Och fir d’Villa Vauban ass dës Ausstellung d’Geleeënheet, néi Facette vum Musée, deen eigentlech fir seng klassesch Konscht bekannt ass, ervirzehiewen.
“Dancing with my camera” ass di wuel bedeitendst Ausstellung vun der indescher Fotografin Dayanita Singh. D’Expo weist nämlech en Ensembel vun hirer Karriär, vun den éischte Foto-Projete bis zu ganz rezente Wierker.

Momenter afänken - esou ass 2007 dem Pressefotograf Sven Becker seng Passioun fir d’Fotografie lassgaangen. 2007 war e Joer wou vill Wandel op sozialem a kulturellem Niveau hei zu Lëtzebuerg entstanen ass. “Impermanence Horizons” ass den Titel vu senger Ausstellung.

Wat ass eng Identitéit? Eng Identitéit ass en Ensembel vu Charakteristiken, e komplext Konzept dat verschidden Aspekter vun der Perceptioun mat sech bréngt. Dorënner d’Ausgesinn, d’Valeuren, de Glawen, de kulturellen Hannergrond, di perséinlech Geschicht an d’Bezéiungen. Alles dat schwätzt de Fotograf Mike Zenari a senger Expo “Humain” un.

An enger Serie vu 6 Fotoen dokumentéiert de Kënschtler Jeff Weber de Prozess vun der Restauratioun. D’Expo “Image Storage Containers” ass vum 6. Mee bis den 1. Oktober am Display 01 ze gesinn.

Doniewent am Pomhouse an am Waassertuerm stellen de Mike Bourscheid an d’Vanessa Brown aus. Mat “The Hand that topples the Tower” kann een hei an eng multimedial Experienz andauchen. D’Ausstellung leeft vum 6. Mee bis den 20. August.

Wärend Joren huet d’Fotografin Cristina Nuñez de Genre vum Autoportrait als therapeutesch Zwecker benotzt. Si huet d’Feld vum Portrait mat neie Richtungen op gemaach an deem si de participativen Autoportrait erfonnt huet.
D’Fotoen weisen hir “Self-Portrait Experience” (SPEX). All d’Wierker sinn hei zu Lëtzebuerg an de leschten zwee Joer am Kader vun Ateliere realiséiert ginn. D’Ateliere ware fir jonk Immigranten di mat Drogeprobleemer konfrontéiert waren.

“Sleeping with Books” ass eng Aarbecht di d’Grenzen tëschent de Biergerrechter an dem kollektiven Dram verwëscht. A Form vun enger dramhafter Fotolandschaft verbënnt d’Ausstellung intim Momenter vum Schlof, der Trauer, dem Ënnerbewosstsënn an Iddie vun der Emanzipatioun.

Zënter 20 Joer fotograféiert de Paulo Lobo Portugisen hei zu Lëtzebuerg am ëffentleche Raum. Hien observéiert d’Persounen an d’Gruppen am Kader vu beléifte Feieren, Cafés Ambiancen oder och mol méi intim Momenter aus dem Alldag.

Et ass di éischte Kéier, datt d’Isabelle Ferreira hei zu Lëtzebuerg ausstellt. “O salto” heescht op Lëtzebuergesch de Sprong. An an dësem Sënn bedeit dëst de Sprong iwwert d’Grenzen eraus. An de 1960er Jore sinn Dausende vu Portugise virun der Diktatur, dem Misär a Kolonialkricher geflücht.

D’ORLAN gehéiert zu de wichtegste Vertriederinne vum Body-Art an der Performance Konscht. Di franséisch Kënschtlerin lieft a schafft zu Los Angeles, New York a Paräis. Zënter 1978 setzt d’ORLAN hiren eegene Kierper an als Material fir Konscht ze schafen. Hiert Gesicht gëtt duerch plastesch Chirurgie verännert. Inspiréiere mécht si sech dobäi u Virbiller aus der Konschtgeschicht, dorënner d’Mona Lisa an d’Venus.

Fir d’Ausstellung an der Galerie Reuter Bausch weist de Christian Aschman säi Projet, deen hien 2014 zu Tokyo realiséiert huet. Seng Fotoe weisen eng kontinuéierlech Verännerung vun Zäit a Raum.

D’Laurianne Bixhain setzt hir Fotoen an den Dialog mat Texter vum Chloe Chignell.

Sechs verschidde Fotografen, Vuen a Blécker ginn zu Clierf ënner fräiem Himmel gewisen. D’Fotografie verwandelen esou och gläichzäiteg d’Bild vun der Stad. D’Fotografen di zu Clierf ausstellen: Jeannine Unsen, Marie Capesius, Boris Loder, Véronique Kolber, Bruno Oliveria an de Marc Schroeder

Och zu Tréier kann een eng Ausstellung am Kader vum European Month of Photography kucke goen. D’Fotografen ginn an hir Vergangenheet, hir Erfarungen an hir Wäerter wullen. 9 Artisten ginn hei gewisen dorënner och zwee Lëtzebuerger Fotografen, de Pit Reding an d’Martine Pinnel.


An de Rotonden ass de Light Leaks Festival, e Festival wou Dokumentarfotografie am Mëttelpunkt steet. Hei gëtt dat alldeeglecht Liewen an Temoignagen duerch d’Aen vun de Fotografen zelebréiert. Storytelling mat Street Photography, Fotojournalismus an Dokumentarfotografie.

D’Roll vun der Fotografie an hirer Diffusioun op de soziale Résauxen ass haut immens wichteg. Dofir ass et ëm sou méi interessant ze gesi wéi Artiste Biller, di am Lien mat Identitéite stinn, reinterpretéieren. D’Notioun vun der Famill an der Communautéit stinn hei am Vierdergrond. 6 Artiste sinn dofir selektionéiert gi bei dëser Gruppenausstellung dobäi ze sinn: Ulla Deventer, Karolina Wojtas, Emma Sarpaniemi, Cihan Çakmak, Jojo Gronostay, Lisa Kohl.

2013 gouf den EMOP Arendt Award gegrënnt fir opstriewenden Artisten ënnert d’Äerm ze gräifen. Di 5 nominéiert Fotografe stellen dann an deem Kader am Arendt House aus. Am Laf vum European Month of Photography gëtt dann och de Gewënner vum Präis reveléiert.
