Kulturministère deelt matDe Prix Batty Weber 2023 geet un d'Margret Steckel

RTL Lëtzebuerg
D'Margret Steckel huet Kuerzgeschichten, Erzielungen a Romaner geschriwwen, déi Ufanks haaptsächlech autobiographesch gepräägt waren.
© Georges Hausemer © capybarabooks

Wichteg Momenter vun der europäescher Geschicht vum 20. Joerhonnert goufen duergestallt, wéi z.B. den Nationalsozialismus, d’Realitéit vun der fréierer DDR, Fluchtbeweegungen a Froe vun den Ënnerscheeder vun engem Liewen am Ausland, grad ewéi den Neesopbau no 1989.

De Jury war zesummegesat aus:

Jean-Claude Henkes
Jérôme Jaminet
Lambert Schlechter
Odile Simon
Tamara Sondag
Sébastian Thiltges
Nathalie Jacoby

Hir Argumentatioun war: “Das Werk Margret Steckels (*1934) zeichnet sich durch eine sprachliche und thematische Dichte aus, die historischen Kontext und präzise Figurenzeichnung zu Texten von großem Nuancenreichtum verbindet.”

De Batty Weber Präis ass mat 10.000 Euro dotéiert.

Déi offiziell Zeremonie fir d’Präisiwwerreechung ass de 27. September um 19.30 am Centre national de littérature zu Miersch.

Margret Steckel op www.autorenlexikon.lu

Back to Top
CIM LOGO