CGDIS am AsazEe Blesséierte bei Kollisioun tëscht zwee Autoen

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS goufen en Donneschdeg den Owend op dräi Asätz geruff, dorënner een Accident an zwee méi kleng Bränn.
© Laurent Weber

Wéi de CGDIS schreift, hat géint 17:21 Auer an der Kapellestrooss zu Wëntger Dréck gebrannt. D'Pompjeeën aus der Gemeng hunn d'Feier geläscht.

Géint 18:21 Auer koum et iwwerdeem um CR305 tëscht Méchelbuch an Ettelbréck zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vum Zenter Nordstad versuergt.

Kuerz no 20 Auer goufen dann nach d'Stater Pompjeeë wéinst Iessen op enger waarmer Plack op Bouneweg op de Boulevard de la Fraternité geruff.

Back to Top
CIM LOGO