Dëse Weekend ass eng méi lass am Fond-de-Gras. D’Minièresbunn an den Train 1900 hu sech extra schéin erausgefiizt. Schliisslech stinn si am Mëttelpunkt vum “Dampfestival”.
Zanter 1990 kann ee mat der Bunn duerch d’Minn Richtung Lasauvage fueren. Et ass eng Rees duerch d’Zäitgeschicht. 51 Lokomotiven huet d’Minièresbunn. Eng Dose sinn a Betrib.
Op vill Benevoller kann den Train 1900 zréckgräifen. Summer wéi Wanter si si um Dill, fir d’Zich an hir Lokomotiven um Lafen ze halen. Ronn 50 Fräiwëlleger zielt de Veräin aus dem Minett.
Déi al, rustikal Dampmaschinne kann een och nach e Sonndeg um “Dampfestival” am Fond-de-Gras gesinn. Vu moies 10 bis owes 18 Auer kann een hei eng Zäitrees maachen.