
D’Ziler vun der ASBL hannert “De Mains De Maitres” wieren natierlech och, de Kënschtler z’erméiglechen, hir Aarbecht weider ze promouvéieren a se ze verkafen, sou de President Roland Kuhn en Donneschdeg de Moien op der Pressekonferenz an der Chambre des Métiers. Zanter der Kreatioun vun der ASBL hätt een eng 46.000 Visiteuren gezielt, zu Bréissel an zu Paräis kënnen ausstellen an et wier een ëmmer weider gewuess.
“Zu Paräis ware mir bei der ‘Révélations’, wat ee vun de gréisste Salonen an Europa ass, souguer de ‘pays d’honneur’”, erkläert de Roland Kuhn weider. “Dat ass natierlech eng ganz héich Auszeechnung an eng formidabel Plattform, fir eise Kënschtler ze bidden.”
Dës 4. Editioun steet ganz am Motto: “Le Geste et le Territoire”. D’Thema wier zwar scho viru gutt annerhallwem Joer ausgesicht ginn, hätt awer am aktuellen, internationale Kontext e staarke politeschen Ënnertoun kritt. D’Konscht vun engem Land géif vill zu dësem senger Identitéit bäidroen an déi Influenz wier grad an engem multikulturelle Land ewéi Lëtzebuerg net z’ënnerschätzen.
“D’Zil war et ze hannerfroen, wat eng Identitéit ass respektiv wat e Konschthandwierk a sengem Land representéiert”, sou de Jean-Marc Dimanche, Generalkommissär vun “De Mains De Maîtres”.
Am Ganzen hunn dës Kéier iwwer 100 Lëtzebuerger Kënschtler respektiv Kënschtler, déi zu Lëtzebuerg wunnen, kandidéiert. Fir 40 % dovunner war et en plus déi éischt Kéier. Zeréckbehale goufe 76 Kënschtler, déi mat den ënnerschiddlechste Materialie schaffen, ënner anerem mat Holz, Keramik, Glas, Stréi oder och Filz. D’Tendenze géifen dës Kéier vill a Richtung Holz, Textil an Upcycling, ënner anerem vu Plastik, goen.
Dozou kommen nach eng 40 Kënschtler aus Portugal. Soss gouf de Fokus vun der internationaler Kollaboratioun jo normalerweis ëmmer op eis Nopeschlänner geluecht. Ma fir dës Editioun hätt een iwwer d’Groussregioun wéilten erauskucken an déi portugisesch Kultur an artisanal Talenter ervirhiewen.
Doduerch dass déi international Kënschtler och deelweis mat anere Materialien an Technike schaffen, hätt een des Kéier och d’Méiglechkeet gehat, 4 Workshoppen z’organiséieren. Eng aner Première wier d’Kollektiv-Oeuvre “Hommage au sureau” vum Pitt Brandenburger, fir déi de Lëtzebuerger Kënschtler mat enger Partie anere Kënschtler kollaboréiert huet.
“De Mains De Maîtres” ass net nëmmen an der 19 Liberté, mä och an ënnerschiddleche Galerien a Muséeën ze gesinn. An der Villa Vauban, wou sech alles ëm d’Holz dréit, am Musée nationa d’histoire naturelle, wou de Fokus éischter op Keramik läit, an am Centre culturel portugais-camoes, wou zwee portugisesch Artisten an eng franséisch Kënschtlerin, déi zanter Joren a Portugal lieft, ausstellen.
Dat sinn awer nëmmen dräi vun de Plazen, wou een tëschent dem 23. a 26. November an de Genoss vum Konschthandwierk ka kommen. Den 21. November ass an der Philharmonie och nach e Concert vun der jonker Musekerin Ana Lua Caiano, déi op der Bün traditionell, portugisesch Sonoritéiten an elektronesch Musek kombinéiert. Méi Informatiounen zu “De Mains De Maîtres” ginn et hei.