
#200 heescht eng Ausstellung am H2O zu Uewerkuer, bei där dräi Kënschtler hir ganz ënnerschiddlech Wierker ausstellen.
De Pit David weist a senger 72 Ausstellung dat, wat en zënter 26 Joer inspiréiert: d’Welt, d’Kultur, d’Konscht vun dem Hopi-Vollek aus dem Arizona mat kräftege Faarwen an den traditionellen Katchina-Poppen.

Genau esou faarweg sinn d’Biller vum Nico Langehegermann, deen d’Material aus sengem fréiere Beruff mat eriwwergeholl huet: Lackfaarwen, mat deene fréier Autoe beschrëft goufen, bidden haut knalleg-intensiv-abstrakt Faarfkreatiounen.

Den Tom Flick huet sech als Sculpteur laang en Numm gemaach mat sengen elegante Figuren aus dem eedelen Alabaster. Eng Matière, déi eenzegaarteg wierkt an hien ëmmer nees nei inspiréiert.

Am Interview mam Christiane Kremer hu si erzielt iwwer d’Iddi vun der gemeinsamer Expo, iwwer d’Zesummespill vu westlechen an ëstlechen Aflëss, iwwer d’Symbios tëscht physeschem an intellektuellem Schaffen an iwwer d’Portraite vun de beschte Lëtzebuerger Cyclisten an der Ausstellung.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
