Summer 2022Den Atelier bitt e vollen an ofwiesslungsräiche Programm un

RTL Lëtzebuerg
Wat Concerten an Eventer ugeet, dierft et net langweileg ginn dëse Summer.
Den Atelier bitt e volle Programm un
Wat Concerten an Eventer ugeet, dierft et net langweileg ginn dëse Summer.

No rouege Pandemie-Jore gëtt elo alles opgeholl, wat an d’Waasser gefall ass. Dat bedeit, dass een den Ament souzesoen “die Qual der Wahl” huet. Den Agenda vun de Responsabele vum “Den Atelier” ass op alle Fall gutt gefëllt. En Dënschdeg den Owend stoung e Concert vum franséische Museker Woodkid um Programm.

De Yoann Lemoine, wéi hie richteg heescht, huet viru ronn 3.000 Leit an der Abtei Neimënster gespillt. Wat déi mannst vläicht wëssen: de Museker ass eigentlech diploméierte Grafiker an huet och schonn als Realisateur u Museksvideoen geschafft, ënnert anerem fir d’Katy Perry, den Drake oder d’Lana Del Rey. En Donneschden trëtt de legendäre Sänger Tom Jones virun der nämmlechter impressionanter Kuliss op. Wéi de Michel Welter vum Atelier dës Zäiten erlieft a wat soss nach usteet, huet de Loïc Juchem am Interview nogefrot.

Back to Top
CIM LOGO