Plainte vun anonymmer FraDen Jamie Foxx kritt sexuell Belästegung reprochéiert

RTL Lëtzebuerg
Den US-amerikaneschen Acteur a Sänger an Oscar-Gewënner Jamie Foxx kritt reprochéiert, 2015 eng Fra zu New York sexuell belästegt ze hunn.
© WIKTOR SZYMANOWICZ / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Dat geet aus engem Dokument ervir, dat e Mëttwoch Lokalzäit bei engem Geriicht zu New York agereecht gouf.

D’Fra, déi anonym bleiwe wëll, reprochéiert den Jamie Foxx, si “wëssentlech an ouni hir Zoustëmmung mat Gewalt offensiv beréiert” ze hunn. Dat soll 2015 wärend enger Party geschitt sinn.

Den Jamie Foxx krut 2005 den Oscar fir seng Roll als Ray Charles.

Back to Top
CIM LOGO