
En Donneschdeg den Owend huet de 60 Joer alen, fréiere Bandechef Duane Davis fir d’éischte Kéier am Prozess virum Geriicht zu Las Vegas ausgesot. Hie kritt Mord an de Gebrauch vun enger déidlecher Waff reprochéiert. Hien huet a béide Punkten op onschëlleg plädéiert.
Den Davis hat allerdéngs an der Vergaangenheet e puer Mol an Interviewe behaapt, dass hien 1996 an deem wäisse Cadillac gesiess hätt, aus deem op den Tupac geschoss gouf. Hie wier déi eenzeg Persoun, déi deemools am Auto souz, déi haut nach um Liewe wier. Geschoss hätt allerdéngs net hie selwer, mä säin Neveu.
Fir de Parquet steet fest, dass den Davis deemools den Organisateur vum Mord gewiescht wier.