
Nieft der bekannter lëtzebuergescher Schauspillerin Désirée Nosbusch, soll och den Tedros Teclebrhan den däitsche Filmpräis dëst Joer moderéieren. Den Teclebrhan hat säin Duerchbroch mat senger eegener Comedysendung a war op der Berlinale am Drama-Film "Systemsprenger" ze gesinn. D'Désirée Nosbusch huet viru kuerzem an der Serie "Bad Banks" matgespillt.
Dëst Joer sinn erëm eng Rei Filmer, Acteuren a Regisseure nominéiert a kënnen a verschiddene Kategorien, wéi beschte Schauspiller oder beschte Film, geéiert ginn. Ënnert anerem d'Filmer "Grundermann", "Transit" an "Der Junge muss an die frische Luft", wou et em den Hape Kerkeling a seng Kandheet geet, si mat dobäi.
Déi sougenannte "Lolas", wéi d'Präisser heeschen, wäerten am ganzen an 18 Kategorien iwwerreecht ginn.
Géint 22.55 Auer iwwerdréit den ZDF de ganzen Filmpräis-Owend.
