
Den 25. Abrëll 2022 beim Vernissage vun de Wierker vun der Gewënnerin vun der 3. Editioun vum LEAP Prize Hisae Ikenaga an der RTL-City, gouf et den Opruff vun de Rotonden un d’Kënschtler, hiren Dossier eranzeschécken fir déi 4. Editioun vum LEAP Präis, déi erëm vun RTL presentéiert gëtt a mat 12.500 Euro dotéiert ass. De Präis adresséiert sech u Kënschtler aus allen Disziplinnen, déi duerch hiert Talent an hir Visioun an hire Wierker ausgezeechent hunn an deemno prett sinn, fir eng nei Etapp an hirer Konscht.

Déi 4 Finaliste vun der 4. Editioun vum LEAP Präis sinn: d’Stefania Crisan, de Paul Heintz, d’Lynn Klemmer an d’Mary-Audrey Ramirez.
Eng 50 Demandë koumen eran a goufe vun engem internationale Jury bewäert: Marc Gubbini (Architekt a Collectionneur Lëtzebuerg), Frank-Thorsten Moll (Direkter vum IKOB zu Eupen), Alice Motard (Directrice CEAAC, Stroossbuerg), Gertrud Peters (Kënschtleresch Leedung bei KIT zu Düsseldorf), Annabelle Ténèze (Directrice - Les Abattoirs, Toulouse).
D’Kënschtler weisen hir Wierker an enger kollektiver Ausstellung tëscht dem 18. November an dem 4. Dezember an de Rotonden. De Gewënner/in vum LEAP-Präis 2022 gëtt um Vernissage den 17. November vum Jury proklaméiert.
2016 hat d’Sophie Jung gewonnen, 2018 d’Laurianne Bixhain an 2020 d’Hisae Ikenaga.

D’Stefania Crisan lieft a schafft tëscht Timisoara (Rumänien) a Metz. An hirer Konscht verschafft si vrun allem Elementer aus der Natur, déi se sammelt an dann an Installatiounen an Performancë festhält. Si ass lescht Joer mat hirer Participatioun bei der Triennale Jeune Création “Brave New World Order” an de Rotonden opgefall.


https://vimeo.com/stefaniacrisan

De Paul Heintz lieft a schafft tëscht Paräis a senger Heemecht Loutrengen. De Kënschtler gebraucht verschidde Medien, fir vrun allem de Rapport tëscht Realitéit a Fiktioun, Wourecht a Simulatioun, Norm an Anomalie festzehalen. De Paul Heintz huet zu Lëtzebuerg bei verschiddene Projete matgemaach an hat 2019 eng Ausstellung “Shanzai Screens” an de Rotonden.



D’Lynn Klemmer ass zu Esch-Uelzecht gebuer, lieft a schafft den Ament zu Berlin. Fir hir multimedial Konscht schafft si mat Video, Toun, Skulpturen, Textil an digitalen Outilen. Si probéiert d’Plaz vum Mënsch ze hannerfroen an enger urbaner, natierlecher an algorithmescher Landschaft, déi a konstanter Evolutioun ass. D’Lynn Klemmer ass Artistin en résidence am Casino Display an der Stad.



Gebierteg vu Lëtzebuerg, lieft d’Marie-Audrey Ramirez haut zu Berlin. An hire Wierker setzt si dat Fantastescht dem Reale géintiwwer. Doduerch erstinn ganz eegenaarteg Kreaturen, déi wéi ausserierdesch Wiesen a Formen an dem hellen Unvivers vun enger Konschtgalerie wierken.

