Cannes Direktere Ken Loach an Terrence Malick ganz vir derbäi zu Cannes

RTL Lëtzebuerg
Iwwerraschend war awer, dass de Quentin Tarantino mat sengem neie Film "Once upon a Time in Hollywood" net zu Cannes derbäi ass.
© AFP

En Donneschden huet den Tierry Frémaux, den Direkter vum Film Festival zu Cannes, annoncéiert, dass d'Filmer vun den zwee Veterane Ken Loach an Terrence Malick d'Haapstécker zu Cannes sinn.

De Ken Loach bréngt säi Film "Sorry We Missed You" op de Festival, wou et ëm déi sougenannten "Gig-Economie" geet. D'Gig-Economie ass d'Bezeechnung fir deen neien Trend, dass ëmmer méi Leit keng fest Plaz méi hunn. An anere Wierder, et gi méi Leit, déi als Freelance schaffen, wéi eng fest Aarbechtsplaz hunn.

Den Terrence Malick presentéiert säi Film " A Hidden Life", deen d'Geschicht vum Doud vu engem Däitschen am zweete Weltkrich, deen den Déngscht am Krich verweigert huet an ëmbruecht ginn ass.

Den Tierry Frémaux betount awer, dass den Tarantino nach ëmmer d'Chance huet, beim Festival mat ze wierken, well nach Filmer an nächster Zäit derbäi kommen, ier de Festival de 14. Mee ufänkt.

Lass geet et mam Film "The Dead Don' t Die" vum Jim Jarmusch.

Back to Top
CIM LOGO