
Laang Zäit war et déi Instanz a Saache Satir am Parodie... Am Joer 1952 ass déi éischten Zeitung vun der Mad an den USA erauskomm. Charakteristesch waren ënnert anerem d'Titelsäit vum Comic, op deenen een ëmmer den Alfred E. Neumann ze gesi war, souzesoen d'Maskottche vun der Zeitung.
Elo ginn et awer zimlech konkret Indicen, dass wuel d'Enn vum Mad-Comic virun der Dier steet. Op Twitter an op Facebook hu verschidde Redaktere geschriwwen, dass keng nei Contenue méi wäerte fir d'Mad gemaach ginn.
D'Editioun aus dem August, soll deemno déi leschten Editioun vun der Mad sinn, déi nei Artikelen huet, dono soll een d'Zeitung just nach mat ale Contenue kréien an dat och just, wann een en Abonnement hëlt. D'Zeitungen déi een da kritt, wäerte just nach aus Editioune mat alem Contenu bestoen, dat awer mat neie Coveren. Spezialeditiounen um Enn vum Joer a Bicher sollen awer weider produzéiert ginn.
An Däitschland gouf d'Mad schonn am Februar opgehale mat produzéieren.