
Crowdsourcing, dat heescht esou vill, ewéi d’Bedeelegung vum Public un engem grousse Projet iwwer Internet. An dësem Fall ass et d’Nationalarchiv, dat jiddereen dozou oprifft, digitaliséiert Dokumenter z’indexéieren an esou Inventairen, fir d’historesch Fuerschung ze kreéieren.
Et geet ëm 19 Regëster mat Tabelle vun Zaldoten aus dem Département des Forêts vun 1798 bis 1814. Dat sinn dausende Säiten, fir déi een Archivar ronn 1 Joer schaffe misst. Dofir sollen elo d’Geschichtinteresséiert am Grand-Duché hëllefen.
Fir matzemaachen, muss een op crowdsourcing.anlux.lu ee Kont ariichten, da kann een un de Formulairen an den Dokumenter schaffen.
