D’artistesch Leedung vun dëser Editioun iwwerhëlt déi lëtzebuergesch Komponistin, Regisseurin a Performerin Catherine Kontz. Si huet sech d’Thema “Memories”, also Erënnerung ausgesicht, woubäi och d’Vilfalt vun der Musek am Vierdergrond steet.
Ma well d’Rainy Days sech als richtege Festival wëlle behaapten, ass och e “Rahmenprogramm” op d’Bee gestallt ginn, sou datt d’Philharmonie zu engem richtege Site gëtt, op deem ee sech tëscht den Animatioune beweege kann.
Méi Informatiounen zum Programm fannt dir hei.