
Nieft der Musek sollen elo och Nohaltegkeet an Accessibilitéit eng gréisser Roll spillen.
Datt klassesch Musek eppes fir d’Elite ass, mat deem Cliché soll gebrach ginn. D’Philharmonie versteet sech deemno als e Kulturhaus mat oppenen Dieren.
Och Detenteure vum Kulturpass sollen an der Philharmonie op hir Käschte kommen, ewéi och jonk Leit bis 27 Joer, déi mat der App Phil27 Concertstickete fir nëmmen 10€ ergattere kënnen.
Déi nei Saison start am September. Den neien Toun, deen ass elo scho kloer uginn.