A wann ee seng Problemer einfach ëmtausche kéint?"D'Problemsbourse" vum Lynn Berchem

Bea Kneip
Ee Problem verstoppt en aneren, an dësem Kannerbuch vum Lynn Berchem, illustréiert vum Carlo Schneider.
© RTL

"Mir versuergen Är Suergen", dat ass d'Versprieche vun der Problemsbourse, bei där Kanner, souzesoen am Schlof, hir Problemer kënnen ofginn. Den Hoke bei der Saach? Fir all Problem deen een ofgëtt, kritt een en Neien aplaz. An et weess ee wat een ofgëtt, mä et weess een ni wat ee kritt...

Dat ass d'Ausgangssituatioun vun der Lynn Berchem hirem éischte Kannerbuch. Fir dës Erzielung huet si eng Dramwelt geschaf, déi vun de Probbien bevëlkert gëtt, klenge Männercher, déi d'Tauschgeschäft mat de Kanner hire klengen a mëttelgrousse Problemer organiséieren. De Carlo Schneider huet dës Dramwelt illustréiert, an et kann ee sech d'Geschicht och iwwer QR-Coden am Buch virliese loossen. Am Interview erzielt d'Lynn Berchem wéi "D'Problemsbourse" entstanen ass a wat d'Iddi dohanner ass.

"D'Problemsbourse" vum Lynn Berchem

© RTL

Back to Top
CIM LOGO