
Vu klassescher Kammermusek, Jazz, bis hin zu Kannerconcerten: D’MusicDays zu Veianen versprécht e Weekend voller musikalescher Entdeckungen. Fir di 4. Kéier organiséiert Kammerata Luxembourg dësen Event ganz am Zeeche vun der Musek, an dat op dräi ganz ënnerschiddleche Plazen zu Veianen. D’Iddi vum Festival ass et eng Bréck tëschent Traditioun a Modern, Erliefnis an Entdeckung ze schafen. De Festival MusicDays riicht sech u jiddereen:
“Eis Visioun ass et, datt all Visiteur, onofhängeg vun Alter a musikalescher Preferenz, beréierend Momenter erlieft an di transformativ Kraaft vun der Musek spiert.” (Marc Jacoby, Organisateur vum Festival a President vu Kammerata)
De Freideg gëtt de Festival am Schlass opgemaach mam Kammermuseksprogramm, wou d’Harf am Mëttelpunkt steet. Am Ancien Cinéma geet et da mat Jazz virun. Samschdes bitt Trinitarierkierch de Kader fir en Ausflug an d’Barockmusek, genau sou wéi d’Schlass wou d’Jazzsängerin Tamara Lukasheva mat hirem Quartett wäert spillen.

Sonndesmoies steet da Musek fir di Kleng um Programm. Mat engem Erzielconcert am Schlass gëtt d’Faarfmonster aktivéiert. Eng Geschicht iwwert de Klang vu Gefiller, Faarwen a Frëndschaft fir Kanner am Alter vu 4 bis 8 Joer. Ofgeschloss ginn d’MusicDays da Sonndes am Nomëtte mat engem Kammerconcert deen de Johannes Brahms an de Györgeti Ligeti éiert. Den ungaresche Komponist hätt dëst Joer säin 100. Gebuertsdag gefeiert.