FOTOGALERIE a VIDEOREPORTAGE: "Corsage"D'Vicky Krieps als Keeserin Sisi op der Avant-première zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Passend zum Film koumen d'Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps an d'Realisatrice Marie Kreutzer mat der Kutsch am Kinepolis un.

“Corsage” mam Vicky Krieps / Rep. Christiane Kremer

Am Film “Corsage” spillt d’Vicky Krieps d’éisträichesch Keeserin Elisabeth. Um Filmfestival zu Cannes krut d’Lëtzebuerger Schauspillerin an der Kategorie “Un certain regard” dofir de Präis fir déi bescht Interpretatioun, grad ewéi um Festival vu Sarajevo. Nächst Woch leeft déi Lëtzebuerger Co-Produktioun och hei am Kino. D’Avant-première awer awer schonn e Freideg.

Mat der Kutsch koumen d’Actrice Vicky Krieps an d’Realisatrice Marie Kreutzer am Kinepolis un, fir dem Lëtzebuerger Publikum hire “Sisi"-Film ze weisen. En ass anescht wéi dat, wat mer aus de Romy-Schneider-Filmer kennen. Den Impuls hat d’Vicky Krieps ginn. Als Kand huet si bei der Nopesch d’Sisi-Filmer mam Romy Schneider gesinn a sech méi spéit mat enger Biographie vun der Keeserin befaasst. Fir d’Marie Kreutzer war kloer, schonn aus Budgetsgrënn, dass et keen historesche Film kéint ginn.

Vicky Krieps iwwert hiren neie Film

Dem Vicky Krieps hir Iddi, d’Sisi nach emol am Film ze thematiséieren, hat si der éisträichescher Regisseurin Marie Kreutzer erzielt, déi ufanks skeptesch war an d’Thema als kitscheg empfonnt huet. Trotzdeem huet och si sech an d’Recherche lancéiert an 3 Joer méi spéit krut d’Lëtzebuerger Actrice en Dréibuch an d’Haaptroll direkt mat ugebueden. Et war deen Ament, wéi hiren éischte grousse Film “Phantom thread” ugelaf war a si aus den USA vun enger “Promotion"-Tour erëmkoum.

“Corsage” erzielt vun der Monarchin, déi mat hirer representativer Roll kämpft. D’Geschicht situéiert sech am Joer 1877, wou d’Sisi hire 40 Gebuertsdag feiert, fir deemools schonn eng al Fra. An awer huet si nach ëmmer probéiert, wéi vun hir verlaangt gouf, sech als ëffentlech Persoun ze representéieren. Ganz gewollt gëtt am Film de Lien gemaach tëscht deemools an haut: sech äusserlech weisen an duerstellen. An an deem Sënn gëtt och mat intressante Parallelle geschafft. Zäitgenëssesch Elementer tauchen op, Anachronismen, déi esou net hätte kënne sinn: vu Gesten, iwwer Dekoren, Technike bis bei d’Musek.

Och wann ee Kleedungsstéck am Mëttelpunkt steet, ass et kee Kostümfilm. Et ass enk am Corset, mee villes deet sech op fir d’Vicky a fir d’Sisi.

D'Vicky Krieps als Keeserin Sisi
Mat der Kutsch koumen d’Actrice Vicky Krieps an d’Realisatrice Marie Kreutzer am Kinepolis un, fir dem Lëtzebuerger Publikum hire “Sisi"-Film ze weisen.

Back to Top
CIM LOGO