Artbox vum 21. Mee am ReplayD'Yvette Rischette

RTL Lëtzebuerg
E Portrait vun der Kënschtlerin Yvette Rischette, den amerikanesche Moler Peter Halley an den Artist Damien Giudice.
ArtBox mam Yvette Rischette
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

D’Yvette Rischette ass Kënschtlerin a schafft gréisstendeels op Toillen, mol am grousse mol am ganz klenge Format. Si organiséiert awer och schonn zënter Jore mat aner Kënschtler eng grouss Gruppen Ausstellung, mir hu si bei de Preparatioune vun der 7. Editioun vun der Fuelbox begleet.

Am Mudam kann een den Ament eng grouss Retrospektiv vum amerikanesche Kënschtler Peter Halley gesinn, a mir léieren de jonken Artist Damien Giudice kennen, niewent der Lino Konscht huet hien eng zweet Passioun: d’Musek.

An den 90 Sekonne kréie mer en Abléck an dat néit Theaterstéck vum Anne Simon: The Censor.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO