
Eng Rei ëffentlech Evenementer a Manifestatiounen goufen dowéinst jo och schonn ofgesot. De groussen Télévie-Dag e Samschdeg wäert awer wéi geplangt op dësem Datum, also dem 27. Abrëll, bleiwen.
D'Lutte géint de Kriibs geet deemno virun. An an deem Kontext war e Mëttwoch och an der RTL City e klenge Concert an der Mëttegpaus.
Den David Ianni huet hei um Televie-Piano ënnert anerem dat neit Televie-Lidd gespillt, wat jo och e Samschdeg an der grousser Live-Sendung hei gewise gëtt. Ma och déi traureg Aktualitéit huet de Museker a sengem Concert verschafft.
En Dënschdeg um Doudesdag vum Grand Duc Jean huet hie spontan e Lidd, wat um Wilhelmus orientéiert ass, als Hommage un eise fréiere Staatschef geschriwwen. An dëst gouf dann och e Mëttwoch hei an der RTL City virgestallt.