No enger OdysseeE Poussin-Bild, wat vun den Nazie geklaut gouf, ass erëm opgetaucht

RTL Lëtzebuerg
Ee Bild vum Barock-Moler Nicolas Poussin, dat 1944 vun den Nazien a Frankräich matgoe gelooss gouf, ass erëm opgetaucht.
© Carabinieri Press Office/AFP/Handout

Der italieenescher Police no hätt d’Bild mam Numm “Loth mit seinen beiden Töchtern, die ihm zu trinken reichen” eng richteg Odyssee mat etleche Statiounen hannert sech gehat.

D’Wierk vum franséische Moler, dee vu 1594 bis 1665 gelieft huet, war 1944 vun den Nazien zu Poitiers geklaut ginn, wéi si d’Haus vum Besëtzer bewunnt haten. Zanter 1947 stoung dat 120 op 150 Zentimeter grousst Bild op enger Lëscht vu Wierker, déi wärend dem Zweete Weltkrich a Frankräich geklaut goufen.

2019 war d’Bild an Holland op enger Ausstellung vun engem Expert erkannt ginn. Ee Joer drop hunn d’Ierwen, eng 98 Joer al Schwäizerin an e 65 Joer alen US-Bierger, mat Hëllef vun engem italieeneschen Affekot eng Klo agereecht, fir an de Besëtz vum Wierk ze kommen.

Déi italieenesch Police huet d’Bild schliisslech bei engem Antiquaire an der Géigend vu Padua am Nordoste vun Italien fonnt. Antëscht ass et och bei de rechtméissege Besëtzer ukomm.

Back to Top
CIM LOGO