Et ass net fir d’éischte Kéier, dass hien dës Erfarung mécht, ma dës Kéier ass hien determinéiert, dass et fir d'Lescht ass. Hien huet dem Alkohol an den Drogen ofgeschwuer a sicht elo e stabilt Liewen, eng eege Wunneng an e festen Job. Säin Heelungsprozess hält hien a fënnef Sproochen op Pabeier fest. Bal 500 Gedichter huet hien a senger Zäit am Prisong geschriwwen, an dreemt elo dovun, déi emol op Bün virzedroen.
D'Dokuserie suivéiert dem José säi Parcours vu Januar un. Den Ament ass hien zanter knapp 3 Méint aus dem Prisong eraus an huet grad säin Job am service rédactionnel vun der Stëmm ugefaangen. Iwwert d'Nuecht kënnt hien am Foyer Abrisud ënner. Eng Tëscheléisung, fir déi hien dankbar ass, aus där hien awer och séier erëm erauskomme wëll.
Iwwert den office national d’inclusion sociale (ONIS) huet de José eng Aarbecht am Service rédactionnel vun der Stëmm fonnt. Et ass net déi Aarbecht, déi hie fir ëmmer maache wëll, mä hien ass frou, hei senger Passioun vum Schreiwen nogoen ze kënnen.
Am Kader vun der Gewaltpreventioun besicht eng Schoulklass den Nuetsfoyer Abrisud. De José deelt als ee vun de Bewunner seng Erfarunge mat de Schüler a beäntwert hinne Froen ronderëm säi Prisongsopenthalt. De José engagéiert sech och benevole bei der ASBL “eran, eraus... an elo?”, déi him an an no senger Zäit am Prison vill gehollef huet.
De José wëll eraus aus dem Abrisud an endlech erëm seng eege Privatsphär hunn. Op senger Wunnengssich krut hien e Rendez-vous beim Service “Immo Stëmm”. Dee verleeft awer leider manner villverspriechend wéi erhofft...
Am Juni huet de José um Mutferter Haff säin éischten Optrëtt als Poet. Hei deelt en eng Auswiel vun de Gedichter, déi hien an den 21 Méint Prisong geschriwwen huet, eng éischte Kéier live mat engem Public.
Kuckt hei nach emol all d'Episode vun der Doku-Serie Schrëtt fir Schrëtt oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen.