Giles RobsonEe vun de beschte Mondharmonika-Spiller an der Blueswelt

RTL Lëtzebuerg
Vu sengem Kënne konnt sech um Freideg och de Lëtzebuerger Public iwwerzeegen.
VIDEO: Ee vun de beschte Mondharmonika-Spiller an der Blueswelt
Den Giles Robson ass momentan ee vun de beschte Mondharmonikaspiller an der Blueswelt.

Den englesche Museker war mat senger Band am Sang a Klang op Besuch.

De groussen Duerchbroch fir den Giles Robson koum 2016 mat sengem Album For those who need the Blues, deen him vill positiv Kritiken an, als eenzegem Europäer, ee Kontrakt beim legendäre Label Alligator Records zu Chicago abruecht huet.

Trotz dem Erfolleg bleift fir hien awer ëmmer d’Musek am Virdergrond. Déi Passioun vermëttelt de Virtuos vun der Mondharmonika dann och op der Bühn.

Wie säi Concert am Sang a Klang verpasst huet, kann dat iwwregens beim Blues and Jazz-Rallye am Juli nohuelen.

Back to Top
CIM LOGO