Am Stater ConservatoireÉischte Concert vum "Festival Orchestra Luxembourg"

RTL Lëtzebuerg
"Festival Orchestra Luxembourg" heescht eng ASBL, déi en neien Orchester an d'Liewe geruff huet.
Éischte Concert vum "Festival Orchestra Luxembourg"
“Festival Orchestra Luxembourg” heescht eng ASBL, déi en neien Orchester an d’Liewe geruff huet.

Dëse besteet aus 65 Museker, déi op Blos-Instrumenter spillen. Et si keng professionell Museker a spillen a verschiddene Veräiner uechter d’Land. De Régis Thill war fir eis an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg op hiren éischte Concert.

Verschidde Leit, dorënner de Romain Kerschen an den Tim Kleren, wollte Lëtzebuerger Museker motivéieren, fir zousätzlech zu hirem Asaz als Amateurmusiker e Schratt weider ze maachen, dee gläichzäiteg eng nei Erausfuerderung wier.

Konkurrenz ass et net fir d’Museksgesellschaften zu Lëtzebuerg, well de Festival Orchestra huet en anere Repertoire, spillt ganz aner Stécker. Déi nei Erausfuerderung gëtt de Museker e Plus, dee se mat eriwwerhuelen.

Déi meeschte Museker waren deenen 2 Dirigente perséinlech bekannt. D’Iddi schéngt hinnen derwäert gewiescht ze sinn. Lo ass et u jidderengem, fir de Projet um Liewen ze halen.

Back to Top
CIM LOGO