De Lëtzebuerger Moler representéiert bis haut de Geescht vu senger Zäit a senger Generatioun. Eng Zäit, déi duerch de globale Konsum an d’Fortschrëtter an der Technologie markéiert ass. 17 Joer ass et hier, datt dem Michel Majerus seng Wierker fir d’lescht am Mudam gewise goufen. Mat “Sinnmaschine” kritt een an der aktueller Ausstellung en anere Bléck op säi Wierk a säi Schafen. De Michel Majerus huet a senger Aarbecht déi traditionell Reegelen an der Molerei gebrach an huet sech ënner anerem vun der Popkultur vun de 1990er an Ufank 2000er Joren inspiréiere gelooss. D’Ausstellung “Sinnmaschine”, ass no engem Wierk vum Michel Majerus benannt, ma d’Expo ass awer keng Retrospektiv, wéi d’Direktesch vum Mudam Bettina Steinbrügge erkläert.
“Mir hunn eis u seng Aarbechtsmanéier a Methode gehalen, well genau dat wëlle mir hei weisen. Dat ass de Sënn vun der Ausstellung. D’Expo fänkt mat der ‘Sinnmaschine’ un, eng Aarbecht déi mir och elo kaf hunn an déi elo hei zu Lëtzebuerg bleift, wouropper mir ganz houfreg sinn. De Michel Majerus huet fir seng Molerei ëmmer Raim kreéiert a verännert.”
D’Ausstellung ass wéi en Archiv opgebaut wou een en Abléck an dem Michel Majerus seng Notizbicher, Videoen a Bibliothéik kritt. Ma och d’Mise en scène am Grand Hall entsprécht dem Michel Majerus senger Manéier fir ze schaffen.
“Hien huet selwer vill mat Gerüster geschafft. Et ass e bësse wéi eng Archiv-Ausstellung, dofir hunn mir op de Gerüster verschidden Aarbechten aus verschiddenen Zäiten opgehaangen, esou wéi an engem Archiv. Déi Wierker hänken och ganz héich well de Grand Hall esou héich ass an da kann een op seng Wierker kucke wéi op eng ‘Studierwand’.”
De Michel Majerus huet d’Entwécklung vu senger Zäit präzis observéiert. MTV, VIVA, Videospiller, Computer, Konschtgeschicht, dat ëmmer méi digitaalt Liewen a villes méi fënnt een a senge Wierker erëm. Vun Ufank u war fir d’Direktesch vum Mudam kloer, datt d’Ausstellung am Grand Hall sollt sinn.
“Ech si jo e bësse gemeng. Wann d’Leit normalerweis hei erakommen, da sinn se ëmmer erstaunt wéinst der Architektur a kucken erop wéi an enger Kathedrale, an dat hunn ech elo mat enger ‘Sinnmaschine’ verstellt. Awer dat mécht et esou flott well een doduerch aner Situatioune kritt an et kritt een en anere Bléck drop. Wann een elo an de Mudam erakënnt a fir d’éischt emol all déi Faarwen an d’Molerei gesäit, ass dat, fannen ech, en immens flotte Moment.”
Mam Michel Majerus senger Konscht kann ee sech an d’Ufäng vun der Digitalisatioun zréck versetzen an haut, 20 Joer no sengem Dout, si seng Wierker nach ëmmer zäitlos. Bis den 1. Oktober ass d’Sinnmaschine am Mudam ze gesinn.