Witzege ConcoursEng Nuecht mat der Mona Lisa am Louvre zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
Dir wollt schonn ëmmer eng Nuecht am Louvre verbréngen zesumme mat der Mona Lisa an der Venus vum Milo? Dann ass elo déi beschte Geleeënheet...
© Pixabay

De Louvre huet an Zesummenaarbecht mam Online-Wunnengsvermëttler Airbnb en aussergewéinleche Concours lancéiert. Ze gewannen, gëtt et eng exklusiv Nuecht am berühmte Louvre. D'Participante mussen dofir just eng Fro beäntweren: Wisou een den ideale Gaascht fir d'Mona Lisa wier".

Eng Jury sicht déi witzegst, kreatiivst a schlausten Äntwert eraus. De Gewënner dierf dann eng Nuecht mat engem Begleeder vum 30. Abrëll op den 1. Mee am Louvre verbréngen.

Soubal de Musée seng Dieren zou huet, kréie béid Persoune fir unzefänken eng privat Féierung zesumme mat enger Konschthistorikerin. Ënnert den Ae vum Leonardo da Vinci senger weltberühmter Mona Lisa gëtt ee klengen Aperitif zerwéiert. Giess gëtt an deem Raum, an deem déi bekannten hellenistesch Skulptur vun der Venus vu Milo ausgestallt ass. Duerno gëtt sech bei engem Concert an der intimer Atmosphär am Salon vum Napoleon III. entspaant. Schlofen dierf een zum Schluss an engem Bett ënnert enger klenger Glaspyramid, enger imitéierter Versioun vun der original Louvre-Pyramid, déi virun 30 Joer ageweit gouf. D'Konstruktioun, déi den US-Architekt Ieoh Ming Pei entworf hat, gouf den 29. Mäerz 1989 ageweit.

Et wéilt een dem Louvre nees zu méi Popularitéit verhëllefen a mat der Ënnerstëtzung vun Airbnb och déi Mënschen de Musée entdecke loossen, déi spontan net do eragaange wieren, sou d'Vize-Chefin vum Louvre, Anne-Laure Béatrix. Et wéilt een d'Konscht jidderengem méi zougänglech maachen.

Am Louvre fënnt ee ronn 35.000 Wierker. Mat ronn 10,2 Millioune Visiteuren am Joer 2018 ass deen am meeschte besichte Musée op der Welt.

Back to Top
CIM LOGO