"The Lion King"Erfollegräichsten Animatiounsfilm an der Geschicht

RTL Lëtzebuerg
Déi computeraniméiert Neioplo vum Film "The Lion King" huet sech a kuerzer Zäit zu dem erfollegräichsten Animatiounsfilm an der Kinosgeschicht gemausert.
© afp

De Film vum Regisseur Jon Favreau huet mëttelerweil 1,334 Milliarden US-Dollar agespillt, dat sinn ëmgerechent ronn 1,19 Milliarden Euro - esou erfollegräich bannent kuerzer Zäit war bis elo nach keen Animatiounsfilm. D'Neioplo vum Trickfilm aus dem Joer 1994 huet domat de Film "Frozen" ofgeléist, dee bis ewell am meeschte Succès hat.

Donieft ass "The Lion King" op déi 12. Plaz vun den erfollegräichste Filmer iwwerhaapt virgestouss a befënnt sech domat knapp hannert dem "Harry Potter and the Deathly Hallows – Part 2" an "Black Panther".

Back to Top
CIM LOGO