SécherheetsproblemerEsch 2022 kann net an d'Gebléishal op Esch Belval

RTL Lëtzebuerg
Bei Analyse si Sécherheetsproblemer an der Industriehal, déi 1911 gebaut gouf, festgestallt ginn.
© RTL-Archiv

Tageblatt.lu krut dat vun der Kulturministesch Sam Tanson op Nofro hi confirméiert.

Déi noutwendeg Reparature géifen ze laang daueren a wären net bis 2022 ofgeschloss. Dat heescht also, datt d'Gebléishal net den Haaptquartéier fir d'Kulturhaapstad ka sinn.

Mam Fonds Belval zesumme géif een elo kucken, en anert Gebai op Belval ze fannen, dat fir Esch 2022 ka genotzt ginn.

D'Generaldirektesch vun Esch 2022 Nancy Braun hat nach virun zwee Méint annoncéiert, datt si nach virun der Summervakanz mat de Büroe vun Esch 2022 vun Déifferdeng an dem 1535 an d'Gebléishal wéilt plënneren.

Souwuel d'Kulturministesch wéi och den Escher Buergermeeschter Georges Mischo stoungen hannert der Iddi vun der Gebléishal als Haaptquartéier.

Mä wéi gesot, wéinst Sécherheetsproblemer, déi sou séier net kënne geléist ginn, gëtt näischt dorausser.

Gebléishal zu Esch Belval - RTL-Reportagen aus dem Joer 2018

VIDEO: Déi fréier Gebléishal soll erhale bleiwen
D'“Amicale vun den Héichiewen A a B“ huet an deem Sënn eng Petitioun an der Chamber deposéiert, déi zanter en Dënschde kann ënnerschriwwe ginn.
VIDEO: Serie Broochen - Deel 2: Gebléishal um Belval
Zënter iwwer 20 Joer dämpen hei zu Lëtzebuerg keng Héichiewe méi.
VIDEO: Broochen - Deel 6: Gebléishal zu Esch Belval
Ronn 90 Joer laang huet d'Gebléishal zu Esch Belval wichteg Servicer geleescht.

Back to Top
CIM LOGO